De Claude Meisch iwwer den Immobiliemaart"Et muss een elo maximal vun den temporären Hëllefe profitéieren"

RTL Lëtzebuerg
Elo wier de Moment, fir vun den temporären Aiden ze profitéieren, déi dëst Joer sollen den Immobiliemaart relancéieren.

Dat ass de Message, deen de Logementsminister an der Emissioun „La Bulle Immo“ op RTL Infos vermëttelt huet.

Dat, ier de Claude Meisch confirméiert huet, datt Moossname wéi den “dopéierte“ Bëllegen Akt, de Bëllegen Akt fir Investisseuren oder nach den Amortissement accéléré vu 6% am Joer 2025 net géifen erneiert ginn.

De Staat huet seng Verantwortung iwwerholl, sot hien. Dat anert Joer misst de Maart dann “en neit Gläichgewiicht” fannen.

Nei Moossnamen, fir d’Stéit oder d’Betriber 2025 z’ënnerstëtzen, wieren net op der Dagesuerdnung, huet de Minister ënnerstrach, dat wier net um Ordre du jour. Et géing keng Noutwennegkeet oder politesche Wëlle ginn, fir dëst ze maachen.

Méi iwwer dem Claude Meisch seng Aussoen hei am Artikel bei eise franséische Kolleegen op RTLInfos

Back to Top
CIM LOGO