Patientevertriedung an ULCEt vermësst een d'Transparenz an den Impfprozesser

RTL Lëtzebuerg
Vill vulnerabel Leit hätte sech gemellt a sech beschwéiert, datt am Impfzenter Certificate vum Hausdokter a medezinesch Antecedente net consideréiert ginn.

D'Decisioun, wéi ee Vaccin datt gesprëtzt gëtt, wier total arbiträr, schreiwen déi zwou ASBLen, déi sech heiriwwer iwwerrascht a schockéiert soen.

D'Patientevertriedung an de Konsumenteschutz plädéieren dofir, datt vulnerabel Leit deen Impfstoff kréien, deen hirem Gesondheetszoustand gerecht gëtt.

PDF: Pressecommunique vun der ULC + Patientevertriedung

Back to Top
CIM LOGO