ZeienopruffFahrerflucht no Accident den 9. Februar zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
Géint 10 Auer war hei en Automobilist mat sengem Won op den Trottoir an der Avenue Dr. Klein geroden an krut do eng Foussgängerin ze paken.

De Chauffer huet sech dovu gemaach, ouni no der blesséierter Fra ze kucken.

An dësem Zesummenhang freet d'Police no eventuellen Zeie vum Accident, do besonnesch no enger Fra, déi sech ëm déi blesséiert Fra gekëmmert hat nom Accident.

All Informatioune si fir d'Police vu Réimech/Munneref um Telefon 244 77 1000 oder via Mail op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO