Den éischte Kontakt mam Thema Fake News kréien d’Kanner mat einfache Beispiller. Si kréien dräi Geschichte virgestallt a si solle roden, wéi eng dovunner falsch sinn. De klenge Clou: Si sinn all falsch. D’Kanner solle sech um Enn keng falsch Noricht verhalen an esou ass de Risiko méi geréng, dass falsch a wouer Norichte matenee verwiesselt ginn.
Duerno gëtt doriwwer geschwat, wéi eng Konsequenze Fake News kënnen hunn. Et kann zum Beispill d’Diskussioune ronderëm aktuell Theme verfälschen oder d’Liewe vun de Mënschen, iwwert déi falsch Noriichte verbreet ginn, dramatesch beaflossen.
Et ginn eng ganz Partie Tipps an Tricks, wéi een och als Laie Fake News kann erausfilteren. Dacks geet et schonn duer, dass ee separat d´Noricht nach eng Kéier am Internet nosicht. Oder sech un Unhaltspunkte wéi der Source an dem Auteur orientéiert. Wann dës wichteg Informatiounen zum Beispill feelen, gëllt et virsiichteg ze sinn. Fir Kanner ass et dann och ëmmer ee gudde Reflex, fir sech un d’Léierpersonal, d’Elteren oder aner Bezuchspersounen ze wenden, wann een eppes zum Beispill am Internet gelies huet, wat engem komesch virkënnt.