
Ëmmer méi dacks krut d’Police a leschter Zäit gemellt, datt sech Onéierlecher als Mataarbechter vu karitativen Organisatiounen ausginn. Si verwéckelen d’Affer an e Gespréich, dat an engem Moment, wou dës net oppassen a kréien dann de Portmonnie geklaut oder si brénge Leit dozou, hinnen hir Bankkaart ze ginn.
An dësem Zesummenhang weist d’Police drop hin, datt Mataarbechter vu seriöen Organisatioune Leit net opfuerderen, fir déi eege Bancomatskaart dem “Mataarbechter " ze ginn, fir datt dëse fir Si Suen ophiewe kann.
Sollt Persoune Zweiwel hunn, solle si roueg d’Police kontaktéieren. Déi meescht karitativ Organisatiounen, esou schreift d’Police an hirem Bulletin, ginn op hiren Internetsäiten un, wourun een hir Mataarbechter kann erkennen.