
Wéi d’Polizisten dem Chauffer signaliséiert hunn, fir stoen ze bleiwen, huet dëse genee de Contraire gemaach a Vollgas ginn. Doropshi koum et zu enger Verfolgungsjuegd mat der Police, dat duerch de ganze Quartier.
Dobäi koum et direkt zu enger ganzer Partie Verstéiss géint de Code de la route, ënnert anerem ass de Chauffer an der Rue de Hollerich frontal op e Policewon duergefuer. D’Beamte konnten nach am leschte Moment eng Kollisioun evitéieren.
Obwuel am Laf vun der Course-poursuite d’Pneuen un der viischter Achs futti gaange sinn, huet de Chauffer weiderhi versicht, sech duerch d’Bascht ze maachen. An der Rue d’Alsace koum et dunn zu weidere Schied um Gefier, sou dass hien no e puer honnert Meter net méi weiderfuere konnt. De Won gouf kuerzerhand stoe gelooss an d’Flucht ass ze Fouss weidergaangen. D’Police konnt de Mann awer séier ermëttelen an op de Policebüro bréngen.
Et huet sech erausgestallt, dass den Auto net richteg ugemellt war an am Won selwer gouf eng Matraque fonnt. Den Alkoholtest war zwar negativ, ma den Drogentest dofir awer positiv. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter. Den Auto gouf saiséiert.