D'Police sicht no ZeienFarerflucht no Accident am Rond-point tëscht Wolz an dem Schumannseck

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien no engem Accident an der Nuecht op e Sonndeg op der N26 bei Wolz.
© RTL Archivbild

E Chauffeur ass mat sengem wäissen Mercedes an e grousst Schëld kuerz virum Rond-point gerannt an huet sech dunn duerch d’Bascht gemaach. Zeie sollen sech bei der Police vu Wolz mellen um Nummer (+352)244891000 oder per E-Mail op police.ardennes@police.etat.lu.

Alkohol um Steier

Géint 14.10 Auer e Samschdeg krut d’Police en Accident an der Bielesser Strooss zu Esch gemellt. E Chauffer war do an 2 geparkten Autoe gerannt a gouf dobäi liicht blesséiert. En Alkoholtest war positiv an de Mann krut de Permis nach op der Plaz ewechgeholl.

Géint 23.50 Auer gouf en Automobilist gemellt, deen um Kahlebierg zu Gréiwemaacher säin Won am Zickzack gesteiert huet. Kuerz drop huet d’Police d’Gefier ausgemaach a gestoppt. De Mann hannert dem Steier hat siichtlech ze vill gedronk an huet misse blosen. Den erlaabten Héchstwäert war däitlech iwwerschratt an hie war säi Permis nach op der Plaz lass.

Back to Top
CIM LOGO