Bëschbrand beim StauséiFeier op der Héicht vu Béiwen ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 19.15 Auer gouf dem CGDIS gemellt, dass et beim Stauséi an engem Bësch géing brennen. D'Feier gouf allerdéngs séier ënner Kontroll bruecht.
© RTL Mobile Reporter

Éischten Informatiounen no war d’Feier op der Héicht Béiwen ausgebrach. D’Pompjeeë waren ufanks vun engem grousse Bëschbrand ausgaangen, konnten d’Feier awer géint 21.30 Auer ënner Kontroll bréngen. Wéi et vun der Police heescht, bleiwen d’Pompjeeën iwwer Nuecht op der Plaz, am Fall, datt nach eng Kéier e Fonke géing ugoen.

Ronn 40 Pompjeeën aus den Asaz- a Rettungszentere vun Alebesch-Esch/Sauer, Colmer-Schieren, Géisdref, Wolz an dem Stau, grad ewéi de Grupp GATO mat hirer Dron waren op der Plaz, fir géint d’Flamen unzegoen. Och den Helikopter war op der Plaz, fir sech e Bild iwwert d’Ausmooss vum Feier ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO