
Kuerz no 17 Auer huet um Site vun der Atomzentral zu Cattenom, am Beräich vum Reakter 3, en elektreschen Transformator gebrannt. Duerch den automatesche Läschsystem wieren d'Flamen awer séier ënner Kontroll gewiescht, sou déi offiziell Kommunikatioun. D'Pompjeeë vun Thionville, Hayange a Sierck-les-Bains ware mat sechs Gefierer op d'Plaz gefuer.
Blesséierter waren net ze bekloen, no de Grënn vum Feier gëtt iwwerdeems nach gesicht. Radioaktivitéit wier keng ausgetrueden, well den Traffo baussent dem nukleare Beräich vun der Atomanlag steet. Fir d'Populatioun hätt kee Risk bestanen, heescht et vun der Plaz.