
Ugefaange kuerz no 17 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng, wou sech e Bus an en Auto ze pake kruten. Zwou Persoune goufen heibäi verwonnt.
Géint 17.50 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto zu Réimech an der Rue Ernz. Och hei gouf et zwee Blesséierter an eng Persoun gouf eppes kuerz no 21 Auer nach um Houwald bei enger weiderer Kollisioun blesséiert. Hei waren zwee Autoen am Coup.
Gebrannt hat et géint 00.20 Auer. An der Avenue G-D Jean stoung deemno eng Poubelle a Flamen.