
Vun den Aacht geplangten Episode sinn der antëscht fënnef online. De Marc Hoscheid huet zesumme mam Gibbes Bertolo de Resumé vun de Sujete gemaach, déi bis ewell am Podcast beliicht goufen.
Weider geet et dann en Dënschdeg an enger Woch. Da geet et ëm d’Roll vun den Zwangsrekrutéierten an der Ardennenoffensiv. D’Gespréichspartner an där Episod sinn den Zäitzeie Gust Weinandy an den Hobby-Militärhistoriker Paul Heinrich.