Ëm méi sécher Produite fir d’Konsumenten an ëm e bessere Schutz vum europäeschen E-Commerce am Kampf géint onfair Konkurrenz besonnesch aus China goung et e Méindeg den Owend am Europaparlament zu Stroossbuerg.
Nodeems déi eenzel Fraktiounen hir Positiounen duergeluecht haten, konnt den zoustännegen EU-Commissaire Didier Reynders nach eemol dorop reagéieren.
Duerno stounge kuerz Wuertmeldunge vun enger Minutt vu verschiddenen Deputéierten um Programm, zu ënnerschiddlechen Theemen.
Aus Lëtzebuerger Siicht huet do besonnesch eng interesséiert an dat manner wéinst hirem Inhalt, mee méi wéinst hirer Form: De Fernand Kartheiser, zu Lëtzebuerg ADR, an Europa ECR, hat nämlech ugekënnegt, am Parlament wëllen op Lëtzebuergesch ze schwätzen – an huet dat dann och duerchgezunn, obwuel Lëtzebuergesch keng offiziell EU-Sprooch ass:
“Villmools Merci, Här President, als Nationalsprooch vun engem Memberland vun eiser Unioun huet Lëtzebuergesch e Recht op e Statut an dësem héijen aus esou wéi all ...”, huet den Deputéierten ugefaangen, éier de President intervenéiert ass: “Léiwe Kolleeg, léiwe Kolleeg, entschëllegt, ech muss Iech ënnerbriechen, Dir musst, fir d’Wuert ze ergräifen, eng vun den offizielle Sprooche vun dësem Parlament gebrauchen. Dat sinn d’Reegele vum Parlament.”

De Fernand Kartheiser wollt sech net direkt geschloe ginn an huet wësse goen, op Englesch, datt hien awer wéilt op Lëtzebuergesch schwätzen. Hie géif fir d’Lëtzebuerger Vollek déi selwecht Rechter wéi fir jiddereen aneren am Parlament froen a wéilt d’Erlabnis kréien, op Lëtzebuergesch weiderzefueren.
Hie wollt dunn och nees usetzen, gouf awer op en Neits opgefuerdert, eng offiziell EU-Sprooch ze wielen; hien hätt jo grad perfekt Englesch geschwat, hie kéint jo op Englesch weiderfueren, esou de Vizepresident Esteban González Pons um Presidentestull.
Dat huet de Fernand Kartheiser dunn och gemaach an an enger Zort Resumé gesot, datt seng Sprooch wéi déi aner Sproochen och sollt e Statut am Parlament kréien, datt se net sollt weider vum Parlament diskriminéiert ginn an datt och schonn d’Grënner-Pappe vun der Unioun – Schuman, Adenauer a Bech – Lëtzebuergesch geschwat hätten an hie wéilt, datt d’Parlament dës Sprooch géif unerkennen.

Knapp annerhallef Minutt huet den Intermezzo gedauert.
D’Dolmetscher haten direkt am Ufank vun der Wuertmeldung vum Fernand Kartheiser wësse gedoen, datt d’Ried net kéint gedolmetscht ginn, well se an enger Net-EU-Amtssprooch géif gehale ginn.
D’Theema vun der Ried war iwweregens d’Lëtzebuergescht selwer: “Utilisation de la langue luxembourgeoise au sein du Parlement européen”.
An engem Bréif un d’Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola fuerdert de Fernand Kartheiser, fir d’Reegelen 174 an 210 ze adaptéieren.