
De Max Leners, deen u sech vun der LSAP fir de fräie Posten an d’Course geschéckt gi war, krut um Dënschdeg net déi néideg Votten zesummen.
Am zweeten Tour nämlech gouf de Georges Kohn mat 11 zu 6 Stëmmen an zwee wäisse Votten zum Successeur vum Christophe Schiltz an de Staatsrot gewielt.
De Georges Kohn ass Vize-President vum Conseil arbitral vun der Sécurité Sociale (CASS) an entsprécht mat senge Kompetenzen dem zweete Profil vun engem Expert an der sozialer Sécherheet, deen de Staatsrot gesicht hat.
De Vott ass e Schlag an d’Gesiicht vum lénken LSAP-Aktivist Leners, dee vum Generalrot tëscht 3 Leit als Kandidat vu senger Partei gewielt gi war - eppes wat och offiziell esou virun enger Woch matgedeelt gi war.
De jonken Affekot Leners ass domat also net den neie Conseiller am Staatsrot, deen elo Georges Kohn heescht, e 64 Joer ale Jurist, ouni weider parteipolitesch Attachen. De Georges Kohn kann nach 8 Joer laang an der héijer Kierperschaft bleiwen, bis hien dann d’Alterslimitt erreecht huet.
Nach e Méindeg waren et déi Gréng, déi kritiséiert haten, datt et mam Vott vun engem weidere Mann an de Staatsrot, déi 5. Kéier hannertenee wier, datt nees e männleche Member an de Staatsrot kënnt - e Gremium, an deem nëmme 7 Frae siegéieren.
D’LSAP huet iwwerdeems an engem Schreiwes op d’Net-Nominatioun vum Max Leners reagéiert. An dësem heescht et, dass et d’Parteie wieren, déi bis ewell de politeschen Equiliber am Staatsrot garantéiert hätten. Ma mat der Decisioun, vun enger parteipolitescher Majoritéit am Staatsrot, de Kandidat vun der LSAP ze refuséieren, wier et de Staatsrot selwer, deen dëst Gläichgewiicht futti gemaach hätt.
D’Rad wier elo zréck an Zäite gedréit ginn, an deenen d’Demokratieverständnes nach en anert war, sou d’LSAP. Dat Ganzt wier och e weidert trauregt Beispill fir den arroganten Ëmgang vun de Regierungsparteie mat der Oppositioun.