Digitalisatioun vun der SteierverwaltungFir 2027 wëll ee prett sinn

Céline Eischen
Wéinst ënnert anerem der Steierreform kënnt elo vill Aarbecht op d'Steierverwaltung duer.
D’Regierung wëll der Steierverwaltung dobäi hëllefen, d’Digitalisatioun e gutt Stéck no vir ze bréngen.
© RTL-Grafik

Duerfir wëll d’Regierung der Administratioun mat ronn 1.200 Mataarbechter iwwert ee Projet de loi déi néideg Ënnerstëtzung ginn, fir d’Transformatioun a virun allem d’Digitaliséierung ee gutt Stéck no vir ze bréngen. An do ginn et eng jett Chantieren, déi an den nächste Méint a Jore sollen ugepaakt ginn, wéi den Direkter vun der Steierverwaltung, de Jean-Paul Olinger no der Finanzkommissioun en Dënschdeg de Moien um Krautmaart erkläert:

“Dat bezitt sech notamment op d’Organisatioun an op den Organigramm vun dëser Verwaltung, op d’Organisatioun vun de Büroen, op d’Formatioun vun de Mataarbechter an duerno op eisen informateschen Environnement, dee mer mussen upassen, dass mer Outilen hunn, déi deenen entspriechen, déi haut iwwerall benotzt ginn.”

Och am Rekrutement soll opgestockt ginn: Méi genee Zuelen zu Personal a Budget konnt den Direkter awer net nennen. De Jean-Paul Olinger weist sech awer zouversiichtlech, datt genuch Kapazitéiten do sinn, fir d’Reformen an Zukunft kënnen ëmzesetzen:

“Mir sinn zouversiichtlech, dass mer dat ëmgesat kréien. Mir sinn och an där Hinsicht frou, dass de Projet de loi elo schonn deposéiert ass. Quitt dass deen nach sécherlech ugepasst wäert ginn, gëtt en awer eng Grondrichtung, op där mer elo scho kënnen ufänke mat schaffen, och dass mer Ufank 2027 prett sinn, fir kënnen Äntwerten ze ginn.”

No der Finanzkommissioun hunn d’Deputéiert vu Majoritéit an Oppositioun sech grondsätzlech zefridde gewisen: Den André Bauler vun der DP huet begréisst, datt och d’Prozedure fir d’Privatleit méi einfach solle gemaach ginn:

“Wichteg ass, dass effektiv Vereinfachung an d’Spill kënnt, datt een net verschidden Operatiounen all Joer nees muss widderhuelen, d’Digitalisatioun wäert dat natierlech erlaben, et muss user-friendly sinn, et muss wierklech dem Contribuable hëllefen an et muss och esou konzipéiert sinn, datt ee Loscht huet dat ze maachen, dass et och sécher ass.”

D’Digitalisatioun vun der Steierverwaltung an hire Prozedure wier wichteg, ma déi Leit, déi net esou digital-afin wieren, dierften net op der Streck bleiwen, esou d’Sam Tanson vun déi Gréng:

“Et gesäit ee jo ganz oft an et héiert ee ganz oft, dass verschidde Leit sech awer do iwwerfuerdert spieren an do krute mer nach eng Kéier verséchert, dass och déi physesch Presenz wäert garantéiert ginn, an dass et och wäert an Zukunft méiglech sinn, Kontakt mat engem ze hunn an net just vis-à-vis vun engem Ecran ze setzen. An dat fanne mer natierlech ganz wichteg.”

Och fir d’LSAP wier et wichteg, datt alleguerten d’Leit an dëser Transformatioun géife matgeholl ginn. D’Donnéeë vun der Steierverwaltung sollt een och fir Previsioune kënne benotzen, wéi de Franz Fayot preziséiert:

“Fir eis gëtt et zwee wichteg Punkten an där Reform. Dat ass engersäits, dass dee sougenannten Digital divide net vergiess gëtt. Dat heescht, déi Leit, déi keen Accès hunn zu engem Computer oder haaptsächlech eeler Leit, déi vläicht net esou fit si mat der Digitaliséierung, dass déi net vergiess ginn. An dat Zweet ass, dass een hei dovunner profitéiert, fir u sech déi Daten, déi ee kollektéiert, och kann uerdentlech auswäerten, besonnesch mat Bezuch op Kënschtlech Intelligenz. Mir wëssen, dass do och d’Aarbechtswelt wäert impaktéiert ginn. A Stéchwuert ‘Akommessteier': och do wäerte wierklech Effete kommen, déi ganz wichteg wäerte sinn. An dofir soll een net vergiessen, och d’Steierverwaltung ze benotzen als eng Source vun Daten, fir do méi no un där Realitéit drun ze sinn an och fir kënne Previsiounen ze maachen.”

Fir de Sven Clement vun de Pirate bleiwen awer nach eng Rei Froen op:

“Dat heiten ass definitiv nach eng Affaire à suivre, mir hunn nach eng ganz Hickecht u Froen, wann da bis de Projet de loi kënnt, wann d’Regierung an d’Steierverwaltung eis dann endlech och seet, wat genau se gäre vun der Chamber hätten. Haut war méi esou en Iwwerfluch op engem ganz héije Niveau, wat een awer feststellt ass, d’Biergerinnen an d’Bierger hätte gären Digitalisatioun, et sinn der ganz vill, déi aktuell Léisungen, déi d’Steierverwaltung offréiert, net an deem Mooss unhuelen oder net zefridde sinn.”

Um Bord vun der Finanzkommissioun war dann och gewuer ze ginn, datt d’Reform vun der Grondsteier viraussiichtlech eréischt fir 2028 virgesinn ass. Dem Sam Tanson no sollten dës Dossieren op d’mannst mat genee esou vill Energie ugaange ginn, wéi d’Digitalisatioun.

Back to Top
CIM LOGO