KonjunkturcomitéFir de Juli hunn 135 Entreprisë Kuerzaarbecht ugefrot

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel u Betriber, déi kuerz schaffen, geet am Juli drastesch erof. Iwwer 400 Demandë manner wéi nach am Juni goufen eragereecht.
© RTL-Archivbild

Et goufen 135 Demandë fir Chômage partiel ugefrot, sou de Konjunkturcomité en Dënschdeg de Mëtteg. Dat sinn 408 Demandë manner ewéi de Mount virdrun nach.

De Comité huet 59 Demandë gréng Luucht ginn. Ronn 8.000 Beschäftegter wäerten am Juli also nach kuerz schaffen. De Mount virdru waren et der nach méi ewéi 10.000. Dat deit drop hin, dat besonnesch vill kleng Betriber, déi Chômage partiel kruten, elo nees normal funktionéieren.

Kuerzaarbecht ass en Instrument, fir a wirtschaftlech schwéieren Zäiten et Betriber z’erlaben, hir Salariéen oder en Deel vun hinnen net ze beschäftegen, ouni hir Aarbechtskontrakter ze kënnegen. De Fonds pour l’emploi iwwerhëlt 80% vun de Paie vun deenen, déi kuerz schaffen, a bis zu maximalen 2,5 Mol de Mindestloun.

Back to Top
CIM LOGO