“Näischt ersetzt eis d’Fouer”Fir d’Foraine sinn d’Stater Quartiers-Kiermessen eng Enttäuschung

Monique Kater
Also op esou eng Kiermes wéi dës wiere vill Leit an der Zäit net gaangen. Knuppautoen ouni där Cooler, Flotter an eisem Alter... Een "No Go!"
Fir d’Foraine sinn d’Stater Kiermessen eng Enttäuschung
RTL war sech e Bild zu Bouneweg uewe beim Aris-Terrain maachen. Eng vun de Quartiers-Kiermessen, déi d'Fouer dëst Joer ersetze soll.

RTL war sech e Bild zu Bouneweg uewe beim Aris-Terrain maachen. Eng vun de Quartiers-Kiermessen, déi d'Fouer dëst Joer ersetze soll.

Wa sou eng Hëtzt ass, wéi den Ament, hëlt dann och net nëmmen den Appetit sech a Grenzen, mee och d'Loscht op d'Geknupps. 10.000 bis 20.000 Euro vun der Stad, pro Karussell, an dann 2 Méint gratis fueren. Ze wéineg Geld fënnt de President vun de Forainen, de Charel Hary.

"Net dat, wat mer eis virgestallt hunn" an "näischt ersetzt eis d'Schueberfouer" - dat ass den Haaptmessage um Dag, op deem d'Fouer ouni Corona-Kris opgaange wier.

Andréck vun der Fouer-Alternativ kënnt Dir iech an eisem Video-Reportage ukucken.

Back to Top
CIM LOGO