
An der Lëtzebuerger Strooss gouf e Méindeg kuerz virun 11.30 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren de Samu aus der Stad grad ewéi d’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Koplescht.
Kuerz viru 16 Auer goufen d’Rettungsekippe vun Iechternach a Rouspert op d'10 tëscht Rouspert a Steenem wéinst enger Kollisioun tëscht enger Partie Autoe geruff. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.