
Géint 14 Auer huet en onbekannte Mann an engem Hannerhaff an der Rue de la Libération versicht enger Fra d’Posch ze klauen. Si gouf dobäi op franséisch ugeschwat, ier hien d’Posch wollt fortrappen. Dëst ass him allerdéngs net gelongen an hien huet zougeschloen. Den Onbekannten ass dono geflücht. D’Affer koum blesséiert an d’Spidol. D’Police hat en Zeienopruff lancéiert, deen awer e Mëttwoch zeréckgezunn, well d’Persoun ermëttelt konnt ginn.
Méi spéit géint 15.30 Auer koum et zu engem weidere Virfall, dës Kéier op der Place Jean Fohrmann. Eng Persoun war vun dräi Onbekannten no engem Gefier gefrot ginn, ma kuerz drop huet ee vun hinnen dem Affer e Been gestallt. Nodeems dëst op de Buedem gefall a verletzt ginn ass, hu si eng Sacoche geklaut a si fortgelaf. Eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ, Ermëttlunge goufe lancéiert.