Portugisesch MedienFra, déi zu Lëtzebuerg lieft, am Norde vu Porto erdronk

RTL Lëtzebuerg
Eng Fra tëscht "20 an 30" Joer soll op der Plage vu Póvoa de Varzim erdronk sinn, schreift ënner anerem jn.pt

Op Nofro beim Ausseministère heescht et, datt d’Lëtzebuerger Ambassade a Portugal aktuell amgaange wier, sech iwwert d’Situatioun ze informéieren. Weider hätt een awer nach keng weider Detailer.

A portugisesche Medien ass ze liesen, datt eng Fra tëscht 20 an 30 Joer, déi e Lëtzebuerger Pass* hätt, e Méindeg gestuerwen ass. Op Nofro bei der Kolleegen op der Plaz krut RTL confirméiert, datt dës Informatioune vun der Police matgedeelt goufen, mä och d’Journalisten op der Plaz bis ewell keng weider Detailer matgedeelt kruten. Aus dem Lëtzebuerger Ausseministère koum dunn d’Informatioun, datt d’Fra zwar zu Lëtzebuerg lieft, awer net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hätt.

Eng leschte Kéier gouf d’Fra lieweg an enger Bar net wäit ewech vum Strand gesinn. Si hätt d’Bar verlooss, fir en Tour schwammen ze goen. Kuerz drop goufen d’Rettungsekippen vun engem Bekannte vun der Fra alarméiert an och d’Police an Helikopter vun der Arméi goufe mobiliséiert. Si hunn déi vermësst Fra mat engem Häerzstëllstand aus dem Waasser geholl, mä all Reanimatiounsversich waren ëmsoss, heescht et. Géint 7.30 Auer huet hiren Doud missten offiziell festgestallt ginn. Eng Enquête gouf lancéiert.
Op der selwechter Plaz war Enn 2022 ewell e jonken Zaldot am Mier ëmkomm.

*An enger éischter Versioun huet et geheescht, datt d’Fra e Lëtzebuerger Pass hat. Esou haten et déi portugisesch Medien matgedeelt. De Lëtzebuerger Ausseministère huet dëst awer anescht matgedeelt. Hinnen no huet d’Fra déi portugisesch Nationalitéit.

Back to Top
CIM LOGO