
Zu Esch an der Strooss “Quartier” huet en onbekannte Mann eng Fra ugeschwat an hir dono den Handy aus dem Grapp gerappt. Hien ass geflücht. D’Affer gouf beim Virfall net blesséiert, wéi d’Police präziséiert.
Méi spéit gouf et nach e versichten Iwwerfall zu Diddeleng. Do gouf allerdéngs e Mann vun zwou onbekannte Fraen ugeschwat an no Sue gefrot. De Mann ass dann och mat de Frae bis bei e Bancomat getrëppelt a wollt Boergeld ophiewen. Do koum allerdéngs nach e Onbekannten dobäi an huet versicht, him d’Bancomatskaart ewechzehuelen. D’Affer krut sech gewiert an déi dräi Täter si geflücht. De Mann gouf beim Virfall net verwonnt.
A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.