
Dës Nouvelle vum Radio 100,7 krut RTL vum President vu ProActif Norbert Conter confirméiert.
RTL-Informatiounen no sinn d’Hannergrënn vun der Entloossung, datt de François Georges Aggressiounen a Feelverhalen par rapport zu eenzele Persoune reprochéiert kritt.
Eise Sourcen no gouf de Site vu ProActif zu Konter no der Entloossung och wärend 3 Deeg vu Sécherheetspersonal surveilléiert.
Den Norbert Conter wäert virum Verwaltungsrot op den Detail vun der Trennung tëscht der Asbl an dem Ex-Direkter agoen a wëll virun der Press keng weider Aussoe maachen.
D’Direktioun vu ProActif gëtt am Interim aktuell vun 3 Persounen an dem President Norbert Conter geleet.
ProActif gouf 1998 gegrënnt an zielt 650 Mataarbechter – dovunner 150 Leit, déi als Personal fest agestallt sinn.
Offréiert ginn ënner anerem Zerwisser an der Gäertnerei, der Restauratioun, der Schräinerei an dem Geméis-Ubau.