Invité vun der Redaktioun (13. Oktober)Franz Fayot, LSAP-Deputéierten

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moien ass d'Klo vum russeschen Oligarch Mikhail Fridman souwéi méiglech Sanktioune géint Israel an de Budget fir d'nächst Joer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

16 Milliarden Dollar stinn am Raum: Ass dem russeschen Oligarch Mikhail Fridman seng Klo géint Lëtzebuerg elo wierklech vum Dësch? A wat hätt d’LSAP an der Regierung anescht gemaach? Doriwwer schwätze mer mam Franz Fayot. Den LSAP-Deputéierten ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Och méiglech Sanktioune géint Israel an de Budget fir d'nächst Joer sinn Themen — direkt no de Noriichten um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO