GrenzkontrollenFréier Buergermeeschteren aus Schengeraum gesi sech reegelméisseg

Monica Camposeo
Scho virum Schengen-Ofkommes, dat 1985 am Dräilännereck ënnerschriwwe gouf, hu sech d'Buergermeeschteren do fir eng gutt Zesummenaarbecht agesat.
Fréier Buergermeeschteren vum Dräilännereck
Scho virum Schengen-Ofkommes, dat 1985 am Dräilännereck ënnerschriwwe gouf, hu sech d'Buergermeeschteren do fir eng gutt Zesummenaarbecht agesat.

Si hunn Europa am Klengen an hire Gemenge gelieft. Wéi deemools treffe si sech dowéinst och nach haut an hirer Pensioun ee Mol de Mount zu Schengen op e Patt Miseler Wäin. D'Monica Camposeo huet déi fréier Buergermeeschteren aus der franséischer, däitscher a Lëtzebuergescher Grenzregioun getraff.

Iwwer 20 Joer laang war de Nicolas Strotz Buergermeeschter vu Welleschten. Enger Gemeng, déi haut zu der Gemeng Schengen gehéiert. Scho virun engem Europa vun den oppene Grenze gouf sech hei an der Regioun fir e gutt Zesummeliewen agesat.

Mir hunn eng gemeinsam Landkaart gemaach hei vum Dräilännereck, wou mer d’Grenze mol ewechgelooss hunn, also wou keng Grenzen drop waren. An esou ass et weidergaangen. Et si grenziwwerschreidend Fester organiséiert ginn, wou ee konnt e Patt Lëtzebuerger Wäin kréien op deem Fest an och e Patt saarlänneschen oder franséische Wäin, aus der Géigend natierlech.

Souguer eng éischt Euromënz gouf 1998 fir esou e Fest gedréckt. Een Dag laang war dës Mënz 40 Frang wäert.

Deemools wéi haut gëtt hei um Dräilännereck Europa gelieft.

Besonnesch schlëmm fir d'Leit aus der Regioun war et dowéinst, wéi Däitschland am Ufank vun der Pandemie nees Grenzkontrollen agefouert hat.

De fréiere Buergermeeschter vu Pärel Bruno Schmitt ass awer zouversiichtlech, dass déi Decisioun vun Uewe bei de Leit hei keng Spueren hannerléisst.

Mir versichen am Klengen dat Bescht doraus ze maachen. Mir treffen eis dowéinst ëmmer hei, natierlech ënner den Oplagen, déi néideg sinn. Mä wat soll dat, hei war et fréier an der Zäit vum Karl dem Großen souwisou ee Gebitt. A mir fillen eis einfach als Muselfranken. A manner ageengt vum politesche Korsett, dee jiddereen zwangsleefeg droe muss.

Dat Muselfränkescht gëtt hei och um Dësch geschwat. A verbënnt d’Leit aus der Regioun. Fir d’Zukunft wënscht ee sech awer, dass nach méi regional iwwerluecht gëtt an ee manner vun uewen erof diktéiert kritt, esou den Denis Schwenck, fréiere Buergermeeschter vu Sierck-les-Bains.

An Zukunft gëtt an Europa hoffentlech méi Integratioun gemaach, fir dass mer kënne besser zesummeliewen, mat ongeféier deene nämmlechten soziale Gesetzer. An dass eis Géigenden hei kënnen zesummeschaffen an och méi einfach kënnen zesummeschaffen.

Déi jonk Generatioun sollt awer net vergiessen, wéi et virun der EU war. Oppe Grenze sinn eng Errongenschaft, déi och muss verdeedegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO