
Dëst soll d’Tâchë vun de Membere vun der Frontex encadréieren. Bis ewell hätt et zu Lëtzebuerg dofir kee legale Kader ginn, huet d’Rapportrice vum Gesetzesprojet an CSV-Deputéiert Stephanie Weydert präziséiert. Op Basis vum europäesche Reglement soll deen elo geschaaft ginn. Zanter 2005 gëtt et Frontex, also d’Agence déi déi europäesch Grenzen um Land an um Mier iwwerwaacht.
Konkret soll de Gesetzesprojet d’Missiounen an d’Aufgaben encadréieren, déi d’Frontex-Memberen zu Lëtzebuerg hunn. De Gesetzesprojet gesäit ënnert anerem vir, datt d’Frontex-Memberen eenzeg an eleng an der Gestioun an an der Kontroll vun de Baussegrenzen oder an der Ënnerstëtzung am Beräich vun de Réckféierunge sollen agesat ginn. Dat an Zesummenaarbecht mat der Police um Flughafen a mat der Generaldirektioun vun der Immigratioun. De Gesetzesprojet gouf mat 57 Jo-Stëmmen an 3 Nee-Stëmmen ugeholl.