
Alkohol um Steier
E Sonndeg de Moie fréi gouf en accidentéierten Auto am Eecher Bierg an der Stad gemellt. Souwuel d’Automobilistin, wéi och d’Bäifuererin hate sech duerch d’Bascht gemaach. Eng Policepatrull konnt se awer kuerz drop untreffen. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.
E Sonndeg den Owend da gouf et en Accident an der Lëtzebuerger Strooss zu Stengefort. Hei war eng Automobilistin mat hirem Gefier an e geparkte Won gerannt. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.
Rebellioun
E Sonndeg den Owend gouf eng Persoun gemellt, déi ze vill gedronk hätt, an an engem Lokal an der Baaschtnecher Strooss zu Ettelbréck aner Gäscht géif belästegen a beleidegen. De Mann war nawell zimmlech onkooperativ a gouf och aggressiv, wéi e vun de Polizisten opgefuerdert gouf d’Lokal ze verloossen. Doropshin hunn d’Beamten decidéiert, dass de Mann d’Nuecht sollt an der Ausniichterungszell verbréngen.
Déifstall a Kombinatioun mat Gewalt
E Sonndeg den Owend hat d’Affer e Rendez-vous mat enger Persoun, fir en Handy ze verkafen. Beim Treffen an der Rue Assen zu Zolwer sinn dunn 3 Männer opgetaucht, déi d’Affer mat Pefferspray ugegraff a geschloen hunn. D’Täter konnte sech dovu maachen, eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.
E weideren Déifstall e Sonndegowend gouf et zu Useldeng an der Rue de la Gare. Hei goufen eng Auer a Kopfhörer geklaut. Den Täter konnt awer vun der Police mat de geklaute Saache gestallt a festgeholl ginn. Och déi geklaute Wäertgéigestänn goufe séchergestallt an dem Affer zeréckginn.