Op der PafemillenGedenkfeier fir deportéiert jiddesch Matbierger

Lynn Cruchten
An der 40er Jore goufe ronn 300 deportéiert Judde géint hire Wëllen vun den Nazien an engem Klouschter op der Pafemillen festgehalen.

Hinne gëtt all Joers um 1. Juli geduecht. Vill Leit hate sech e Sonnde Moie fir d’Commemoratiounsfeier virum Auschwitz-Monument op der Plaz versammelt. Dorënner Familljemembere vu verstuerwene Judden, grad wéi Vertrieder vun der Regierung, der Chamber an de Gemengen, Schüler, Veräiner an Associatiounen, déi sech fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich asetzen. De President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, de Marc Schoentgen, ass a senger Gedenkried op d’Schicksal vun enger éisträichescher Famill agaangen, déi an den 30er Joren op Lëtzebuerg koum a spéider wärend dem Krich och e puer Wochen gezwongenerweis am Klouschter zu Cinqfontaines gelieft huet. D’Fra an d’Duechter haten d’Chance ze flüchten an nawell wier et eng Geschicht ouni Happy End, sou de Marc Schoentgen. “Et ass eng aussergewéinlech Geschicht, well et ee vu puer Leit ass, déi vun hei aus fortkomm sinn a sech an en anert Land konnte refugiéieren an do ënnerdauchen a sou dat iwwerliewen, wat vill anerer net iwwerlieft hunn, déi hei zu Cinqfontaines waren oder vu Lëtzebuerg aus deportéiert goufen oder soss iwwerall an Europa. Et ass wichteg, datt mer och vun den eenzele Leit schwätzen, déi hei waren. Deenen hir Geschichten opschaffen, fir dem anonymmen Affer e Gesiicht an en Numm ze ginn. Dat ass en Deel vun der Aarbecht, déi lo haut 2023 hei zu Fünfbrunnen am Centre Cinqfontaines gemaach gëtt. E wichtegen Deel vun der pedagogescher Aarbecht, déi hei zënter iwwer engem Joer stattfënnt.”

Cut Marc Schoentgen 18h30

Cinqfontaines gëtt jo zënter 2022 zu engem Bildungs- an Erënnerungszenter ausgebaut. Wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert huet, géif et drëm goen, de Schülerinnen a Schüler an awer och dem breede Public ze vermëttelen, wat op der Pafemille geschitt ass. Et géif op jiddereen ukommen, d’Geschicht ze kennen, ze éieren a se weider ze droen.

Am Kader vun der Commemoratiounsfeier um Sonndeg beim Centre Cinqfontaines gouf och e Gedenkparcours offiziell ageweit. Op 9 Statiounen um a ronderëm de Site vu Fünfbrunnen si Pannoen opgeriicht, déi déi wichtegst Etappe vun der Geschicht markéieren. Via QR-Coden ginn d’Visiteuren direkt op den Internetsite vu Cinqfontaines an do op eng virtuell Versioun vum Parcours verlinkt, wou si dann zousätzlech Informatiounen an Dokumenter zu der Geschicht fannen.

Gedenkfeier fir deportéiert jiddesch Matbierger op der Pafemillen
An der 40er Jore goufe ronn 300 deportéiert Judde géint hire Wëllen vun den Nazien an engem Klouschter op der Pafemillen festgehalen.

Back to Top
CIM LOGO