Table ronde vun der ANILGéint Personalmanktem an der Fleeg virgoen

Lynn Cruchten
Wat maachen, fir Leit ze motivéieren, e Fleegeberuff auszeüben a se och am Secteur ze behalen?
Géint Personalmanktem an der Fleeg virgoen
Dat war d’Haaptthema vun der Table ronde, déi vun der ANIL organiséiert gouf.

Doriwwer gouf um Donneschden Owend op enger Table Ronde diskutéiert. Invitéeë waren d’Anne-Marie Haff, Presidentin vun der ANIL, d’Nora Back, Presidentin vun der CSL, d’Daniela Collas, Directrice des soins am CHL, d’Carine Federspiel, Generaldirektesch vum Zitha Senior, d’Sabine Brase, Direktesch fir Fleeg am Klinikum Oldenburg an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Dass et e Manktem un Infirmièren an Infirmieren an och anere Mataarbechter am Fleegesecteur gëtt, ass net nei. Mä wéi kann een dogéint ugoen?

Als Léisungsusätz goufen ënner anerem besser Aarbechtskonditiounen an eng modern Digitalisatioun genannt. Et misst och kloer sinn, wéi ee Mataarbechter fir wéi eng Aufgab qualifizéiert an zoustänneg wier, mä och de Féierungsstil vun de Cheffe géif eng wichteg Roll spillen, esou d’Sabine Brase:

“Wir wissen, dass, wenn man positiv führt, das heißt sehr auf Stärken guckt und auf Entwicklung des Einzelnen, dass man bessere Ergebnisse auch im Team erreichen kann und mit der Mitarbeiterentwicklung. Das heißt, die Führungskraft ist eigentlich diejenige, wo der Hebel ist für so ein Wir-Gefühl, für Lust am Arbeiten und auch ein Garant letztendlich für die Patientenversorgung an der Stelle.”

Et wier och wichteg, de Leit am Fleegesecteur Beruffsperspektiven ze bidden an transparent ze vermëttelen, wéi se sech kéinte weiderbilden an entwéckelen. Op der Table ronde war ee sech awer och eens, dass den Image vu Fleegeberuffer eng Opwäertung bräicht, an dat net eleng doduerch, dass e Bachelorstudium ugebuede géif ginn.

Och déi zwee ënnerschiddlech Kollektivverträg, FHL an SAS, goufen op der Table ronde thematiséiert. D’Gesondheetsministesch sot, et wier sécherlech méi sënnvoll, een eenheetleche Kollektivkontrakt fir selwecht Beruffer ze hunn, an dat wier och de Wonsch vu villen. Allerdéngs misst ee kucken, wéi da sou e Vertrag sollt ausgesinn. Entspriechend Verhandlunge bräichten Zäit, well ee misst analyséieren, wat d’Envergure dovunner wier, och um finanziellen Niveau.

Back to Top
CIM LOGO