SchëfflengGemeng ausbauen, ouni dobäi d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze verschlechteren

Christophe Hochard
Zanter 2018 schaffen d'Gemengeresponsabel vu Schëffleng un engem deementspriechende Plang.
Plang vun der Gemeng Schëffleng
Gemeng ausbauen, ouni dobäi d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze verschlechteren.

Dat geschitt am participative Gedanken. Dat heescht: d'Awunner vu Schëffleng ginn an dësen ambitiéise Projet mat agebonnen. Bis 2030 soll d'Gesiicht vun der Uertschaft sech veränneren.

Am Kanton Esch läit Schëffleng an zitt sech iwwer ronn 8 Quadratkilometer. No der Stad Lëtzebuerg an Esch wunnen hei déi meeschten Awunner pro Meter Carré, 1.346 fir genee ze sinn. Um Horizont 2030 rechnen d'Gemengeresponsabel mat iwwer 14.000 Awunner.

Een Haaptfokus bei der Neigestaltung vu Schëffleng läit bei de Schoulstrukturen. 3 Schoulen an eng Maison Relais huet d'Gemeng. 1.100 Schüler ginn et aktuell. 1.500 an noer Zukunft. An den nächste Jore gëtt also méi Schoulraum gebraucht.

D'Albert-Wingert- an d'Lydie-Schmit-Schoul ginn ausgebaut. Eng nei Schoul gëtt am Quartier "Op Hudelen" gebaut. Bis 1.800 Schüler kënne spéider an de 4 Schoulen zu Schëffleng Plaz fannen.

D'Schwämm, d'Handballs, d'Tennis- an d'Turnhal sinn an d'Jore komm. An der Denis-Netgen-Strooss soll dofir e Sport- a Kulturkomplex entstoen. E private Promoteur huet Pläng, fir hei eppes ze realiséieren. Gespréicher mam Flavio Becca géifen hei lafen. Fir des Iddien ëmzesetzen, wäert eng nei Strooss gebaut ginn. Déi féiert iwwer den aktuelle Fussballterrain vum FC Schëffleng.

E weidere Pilier bei der Neigestaltung vun der Gemeng Schëffleng ass d'Mobilitéit. 2/3 vum Verkéier, deen duerch d'Uertschaft fiert, ass hausgemaach. Iwwer e "Shared Space" gëtt nogeduecht. Déi nei Strooss, déi gebaut soll ginn, kéint den Trafic kanaliséieren.

Schëffleng entwéckelt sech. An noer Zukunft sollen d'Bierger a Workshoppen hire Pefferkär bäileeë kënnen. Bis 2030 solle vill Iddien an d'Dot ëmgesat gi sinn.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO