CactusGeschäfter an de Galerië brauche fir Abrëll a Mee kee Loyer ze bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Esou muss zum Beispill kee vun de Butteker an der Galerie vun der Belle Etoile fir déi zwee Méint Loyer bezuelen.

An engem Communiqué, deen och un d'Geschäfter gaangen ass, deelt de Cactus dat senge Locataire mat. Dës misste fir de Mount Abrëll a Mee da just hir Chargen a Fraise bezuelen, vum Loyer géife si befreit bleiwen.

Fir d'Betriber an der Belle Etoile kënnt dann nach dobäi, datt d'Geschäfter sech hei och net mussen um Publicitéitsbudget fir déi zwee Méint bedeelegen an och d'Reklamm am Belle-Etoile-Magazin fir näischt ass.

PDF: De Bréif un all d'Geschäfter an der Belle Etoile

Back to Top
CIM LOGO