Neien nationalen AktiounsplangGesellschaft misst sech Leit mat Handicap upassen

Julie Thilges
119 konkreet Aktioune sinn am drëtten nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Leit mat enger Beanträchtegung festgehalen, fir eng besser Inklusioun a ganz ënnerschiddleche Beräicher. Dëse Plang gouf elo präsentéiert.
Gesellschaft misst sech Leit mat Handicap upassen
119 konkreet Aktioune sinn am drëtten nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Leit mat enger Beanträchtegung festgehalen.

14,6 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg liewe mat engem Handicap, also ronn 94.000 Leit. Eng Beanträchtegung kënnt a ganz verschiddene Formen: an der Mobilitéit, am visuellen, auditiven, intellektuellen, oder den Handicap ass onsiichtbar. Dowéinst gouf elo an 119 konkreeten Aktiounen den drëtten nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Leit mat enger Beanträchtegung präsentéiert.

Et geet ëm eng besser Inklusioun a ganz ville Beräicher, esou de Familljeminister Max Hahn, well Inklusioun misst immens breet geduecht ginn: “Dat geet vu méi inklusivem Sport, dat geet vu méi inklusiver Kultur, Tourismus, dat geet iwwert éischt Hëllef Formatioune beim CGDIS beispillsweis. Oder och den Accès zur Aarbecht, sief et am Privaten, ewéi och beim Staat selwer, wou mir wëssen, dass mir och do méi accessibel kënne ginn.” 

De Grondmessage ass: Wien en Handicap huet, sollt sech net der Gesellschaft mussen upassen. Mee d’Gesellschaft misst sech de Leit upassen.

Mat 50 konkreeten Objektiver ass dësen Aktiounsplang a 7 theematesch Kapitelen opgedeelt: Egalitéit; Accessibilitéit a Participatioun an der Gesellschaft; Autonomie; Educatioun, Kanner a Jugend; Santé, Sécurité sociale, Soin; Aarbecht an Emploi; International Zesummenaarbecht.

Mesuren an der Justiz 

Am Beräich vun der Justiz gëtt konkreet un enger Balance tëscht der Protektioun an der Selbstbestëmmung geschafft.

Ee grousse Punkt ass eng Reform vun der Tutelle, do ass d’Mandat an der legislativer Prozedur a soll d’nächst Joer deposéiert ginn, erkläert d’Justizministesch Elisabeth Margue: “Ee vun de Prinzippie vun der Reform wäert eebe sinn, och de Principe de subsidiarité ëmzesetzen, wat bedeit, dass de Riichter ëmmer muss kucken: Ass eng manner contraignante Mesure do, déi an dësem Fall kéint ugewannt ginn? An déi an deem Fall dann och unzewenden. En anere Prinzip ass, dass d’Mesurë wäerten zäitlech begrenzt sinn. Soudatt no engem gewëssen Zäitraum gekuckt gëtt, ob d’Mesure effikass ass oder net, an deementspriechend dann och Adaptatioune kënne gesprach ginn.”  

En anert Zil hei ass och, datt legal Mesurë solle besser erkläert ginn, an dass d’Persoun och Doleancen a Plaintë kann un den Tutellesriichter ginn.

Mesuren an der Santé an an der Educatioun 

Jidderee soll den néidege Soin kréien a richteg informéiert ginn a Famillje solle besser begleet ginn. Och geplangt sinn Upassungen, wat Empfindlechkeet vis-à-vis vu Geräischer an dem Liicht ugeet.

Vun der Gesondheetsministesch als “Häerzensprojet” bezeechent, ass et, neurologesch Beanträchtegunge bei Kanner méi effikass ze diagnostizéieren a besser z’encadréieren, wat och fir de schoulesche Kontext relevant ass, esou den Educatiounsminister Claude Meisch: “Heiansdo hu mir an der Schoul schonn d’Gefill, wann d’Kanner mat 3 Joer an de Précoce a mat 4 an de Cycle 1 kommen, dann ass dat schonn eigentlech ze spéit. Dofir ass et extreem wichteg, dass mir déi Vernetzung do hikréien, mir schaffen och un der Vernetzung tëscht den Instanzen aus dem Bildungsministère: Schoul, nonformell Bildung, Aide à l’enfance, mee a Richtung vun der Santé, virun allem an der Petite Enfance, ass dat natierlech immens wichteg.” 

Fir eng besser Inklusioun an der Schoul sollen d’Kompetenzzentren ausgebaut ginn, eng Iddi ass et, se regional mat Antennen auszebauen, fir se méi no un d’Leit ze bréngen.

Och den Enseignement musical — also an de Museksschoulen an de Conservatoiren — soll méi accessibel an inklusiv ginn.

D’Theema "Wunnen" wier fir jiddereen ugespaant, fir Leit mat engem Handicap wier et nach méi schwiereg: Och hei ass d’Zil, eng méiglech breet Autonomie fir Mënsche mat Beanträchtegung ze schafen.

Reegelméisseg Evaluatioune vum Aktiounsplang 

Vun 20 Ministèrë gouf dësen Aktiounsplang ausgeschafft, all Joer soll dësen intern kontrolléiert ginn. No 5 Joer soll eng extern Kontroll gemaach ginn, fir ze kucken, wat fir Aktioune konnten ëmgesat ginn a wéi eng net, a firwat.

Nieft der Zesummenaarbecht tëscht de Ministèrë gëtt och mat Betraffenen zesummegeschafft, ewéi och verschiddene Mënscherechtsorganisatiounen, ewéi InfoHandicap, dem Okaju, an dem Ombudsman.

Dat ganzt Schreiwes zum neien nationalen Aktiounsplang fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO