
Dofir ginn ënnert anerem d’Normen aktualiséiert an d’Sécherheetsstandarden eropgesat, fir proppert Drénkwaasser ze garantéieren. D’Lëscht mat potentielle schiedleche Substanze gëtt ugepasst.
Der grénger Deputéierter Jessie Thill no géing et dorëms goen, d’Risike vun Ufank un ze minimiséieren.
Den Accès zum Waasser an d’Informatioun iwwert dëst solle verbessert ginn an et soll méi a punkto Preventioun vu Fuitte geschéien. De Label “Drëppsi” soll Gemenge belounen, déi an dëser Saach eng Virreider-Roll spillen.