
Dëst, obwuel si dat net hätten däerfen. Zwou vun deenen 3 Persoune waren net fir hire Prozess ugetrueden.
Bei guddem Wieder waren de 17. Mee vill Leit bei de Stauséi komm. De Problem war, dass d'Gemeng decidéiert hat, de Stau zouzeloossen, fir e Verbreede vum Coronavirus ze verhënneren.
De Vertrieder vum Parquet hat ënnert anerem argumentéiert, et wier an de Medie gewiescht, dass d'Plagen zou wären, sou datt déi Concernéiert dat hätte misse wëssen an dowéinst eng ugemoosse Geldstrof gefuerdert. De Riichter huet dat awer anescht gesinn.
Am schrëftlechen Urteel, dat eis an der Tëschenzäit virläit, geet vun zwou Ausnam-Reglementatioune rieds, déi sech widderspriechen. E Règlement communal d'urgence vum 3. Abrëll hätt den Zougank zu de Stauséi-Plagë verbueden, iwwerdeems e Règlement grand-ducal vum 15. Mee erlaabt hätt, dass maximal 20 Leit am Fräie kéinten zesumme sinn. D'Police hätt de 17. Mee just Leit protokolléiert, déi op de Plagë waren, ouni enger anerer Aktivitéit nozegoen, net awer därer, déi am Waasser waren, fir ze tauchen, Windsurfing oder Stand up Paddling ze maachen.
Dës Persounen hätten allerdéngs och Accès op d'Plagë gehat, en Accès, deen awer verbuede war. D'Polizisten hätten domat eng Ongläichheet geschaaft. D'Bierger missten och an der Lag sinn, fir bestëmmen ze kënnen, wat erlaabt ass a wat verbueden ass, sou nach de Riichter.
