Manner Energiehëllefen Gëtt Ausbreedung vun Erneierbaren ausgebremst?

RTL Lëtzebuerg
“Eng pragmatesch Klimapolitik mat Ureizer, déi de Leit Loscht maache matzemaachen.” Déi huet de Premier Luc Frieden ugekënnegt.
Manner Energiehëllefen
Gëtt Ausbreedung vun Erneierbaren ausgebremst?

Zousätzlech finanziell Hëllefe sinn awer net virgesinn. De Klimabonus vu bis zu 62,5% fir Photovoltaik- Anlage geet den 1. Oktober zréck op bis zu 50%. Eng Anlag mat 20 Sonnepanneaue géif de Client da gutt 2.600€ méi kaschten, rechent en Installatiouns Betrib eis vir.

Wéi een Impakt huet dat op de Marché? Do sinn Directeur commercial an Directeur technique vun der Firma sech net eens. Fir de Guillaume Mennesson wäert d’Demande héich bleiwen, well d’Stroumpräisser weider klammen. Den Amine Mghari dogéint mengt, datt d’Ausbreedung vun der Solarenergie ëm 30% wäert ausgebremst ginn. Et wär duerch déi vill Subsiden, datt d’Mass vun de Leit iwwerhaapt ugefaang hätt, sech fir d’Solarenergie ze interesséieren. A sengen Aen ass et ze fréi, fir elo de Klimabonus elo ëm 12,5% zeréckzeschrauwen.

Prefinanzement kéint e Problem fir Betriber ginn

D’Prozedure fir eng Solaranlag solle vereinfacht ginn. Esou de Luc Frieden. An enger éischter Phas wäert d’nächst Joer dann och de Prefinanzement fir d’Photovoltaikanlage kommen. Da brauchen d’Leit also just nach hiren Deel ze bezuelen. Sollt d’Entreprise dem Staat de Klimabonus virstrecke mussen, kéint dat schwiereg ginn, seet den Amine Mghari. Aktuell géif et op d’mannst ee Joer a méi laang daueren, bis d’Leit hir Subsiden ausbezuelt kréichen. Besonnesch méi kleng Betriber mat manner Liquiditéite géifen dat net packen.

Hallwe Stroumpräisdeckel 2025 mat Impakt op Wäermepompel?

Fir d’energeetesch Sanéierung an d’Wäermepompele bleift den aktuellen Hëllefsregimm bestoen. Allerdéngs wäerten d’Stroumpräisser 2025 viraussiichtlech ëm 60% klammen. De Staat soll do d’Halschecht vun der Hausse, also 30% iwwerhuelen. Eng Wäermepompel bedreiwen, riskéiert deemno finanziell manner attraktiv ze si wéi Masutt oder Gas. Se géifen da just nach Sënn maache, wann ee vill Solarplacken um Daach hätt, erkläert den Amine Mghari. Ma fir d’Installatioun vu Photovoltaik ginn d’Hëllefe jo bekanntlech erof.

Back to Top
CIM LOGO