PolicebulletinGewalttätegen Iwwerfall zu Esch, Dealer an der Stad wiert sech géint Festnam

RTL Lëtzebuerg
E Méindegowend hat sech am Garer Quartier e presuméierten Dealer hefteg géint seng Festnam gewiert. Zu Esch gouf no engem Iwwerfall e Verdächtege gestallt.

Am Garer Quartier an der Stad konnt e presuméierten Drogendealer bei frëscher Dot ertappt ginn, géint seng Festnam huet hie sech allerdéngs hefteg gewiert. Wärend dëser sinn ausserdeem eng Rei Männer de Beamte méi no komm, fir dem Verdächtegen ze hëllefen. Nodeems si de Beamten hiren Opfuerderungen, op Distanz ze bleiwen, net nokomm sinn, gouf Pefferspray agesat a si si geflücht. Dem presuméierten Dealer konnte schlussendlech Handschellen ugeluecht ginn, op Uerder vum Parquet gouf Plainte géint hien deposéiert.

Zu Esch hat en Dënschdeg e jonke Mann wéinst engem Iwwerfall eng Plainte deposéiert. Den 9. Juni gouf hie vun enger Rei Persoune geschloen an ob de Buedem geheit, ier him Boergeld, wéi och säin Handy aus der Boxentäsch geklaut goufen. D’Beamte konnten am Kader vun den Ermëttlungen e jonke Mann identifizéieren an och en Deel vun de geklaute Wäertgéigestänn sécherstellen. De Verdächtegen hat zum Zäitpunkt vun der Festnam ausserdeem e Kichemesser dobäi, dat och saiséiert gouf. Och géint hie gouf op Uerder vum Parquet eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO