Reunioun tëscht Marc Spautz, OGBL an LCGBGewerkschafte schwätze vu gudder Ambiance, Resultater gëtt et awer keng

Marc Hoscheid
Vun 9 Auer bis eppes no 10.30 Auer huet déi éischt richteg Bipartite tëscht dem neien Aarbechtsminister Marc Spautz an de Gewerkschaften OGBL an LCGB gedauert.
© Marc Hoscheid

De Sujet vun der Reunioun waren d’Aarbechtskonditiounen am Beräich vun der Plattformaarbecht. Konkret Resultater gouf et awer keng, et hätt een dem Minister mol déi eege Positioun presentéiert an deen hätt nogelauschtert, esou d’Vertrieder vun de Gewerkschaften nom Treffen.

De Marc Hoscheid iwwer d’Reunioun tëschent Gewerkschaften, Patronen a Spautz

Dobäi sinn d’Fuerderunge vun de Gewerkschaften alles anescht wéi nei. Bei deene Leit, déi der sougenannter Plattformaarbecht noginn, sollt duerch objektiv Krittären ermëttelt ginn, ob et sech ëm ee Salarié handelt oder net a wann dat de Fall ass, sollen déi Leit d’selwecht behandelt ginn, wéi all aner Salariéen am Land och, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back. Vu Plattformaarbecht schwätzt een, wann eng Entreprise hir Servicer iwwert eng digital Plattform zur Verfügung stellt, zum Beispill bei der Livraisoun vu Liewensmëttel. Zanter Enn 2024 gëtt et eng EU-Direktiv, déi ee Kader setzt, zu Lëtzebuerg ass déi awer nach net ëmgesat.

Den LCGB-President Patrick Dury huet iwwerdeems ënnerstrach, datt d’Aarbechtsmethod ënnert dem Marc Spautz vill méi produktiv wier, wéi ënnert sengem Virgänger Georges Mischo. Um 11 Auer war et dunn un de Gewerkschaften, fir dem Marc Spautz hier Iddien zur Plattformaarbecht duerzeleeën. Déi nächst Entrevuë si fir de 24. Februar geplangt, och da soll et nees ëm dee selwechte Sujet goen.

Back to Top
CIM LOGO