
Déi rezent Incidenten mat Dronen um Findel, déi den Fluchtrafic nawell perturbéiert haten, werfen och aner sécherheetsrelevant Froen op. Notamment wéi gutt d'Atomzentral vu Cattenom géint esou Menacë geschützt ass. Greenpeace warnt um Dënschdeg de Moien virun de Risike vun enger Lafzäitverlängerung.
Den 1. Oktober huet den éischte Reakter vun Cattenom seng ursprénglech geplangten Betribsdauer vun 40 Joer erreecht. Eng nei Etüd vun der däitscher Diplom-Physikerin Oda Becker, am Optrag vun der Ëmweltorganisatioun, weist op gréisser Sécherheetsmängel hin, ënner anerem bei der Noutversuergung an dem Schutz géint Naturkatastrophen. Déi geplangten Nobesserunge géifen der Atom-Expertin no net duergoen.
Ufank 2027 steet eng grouss Sécherheetsiwwerpréiwung un. Greenpeace fuerdert déi Lëtzebuerger Regierung op, juristesch Méiglechkeete géint eng Lafzäitverlängerung ze préiwen. Donieft misst si vun de franséischen Autoritéiten Opklärung iwwer de Schutz géint Dronenattacken a Sabotage verlaangen. Wann dee Schutz net duergeet, misst Lëtzebuerg d'Ofschalte fuerderen.