
Am Kader vun der Kontroll um Mëttwoch goufe 15 Leit verdächtegt, Drogen derbäi ze hunn. Eng kleng Quantitéit vun Haschisch, en illegaalt Messer an 29 Gramm Marihuana goufe bei 3 Leit fonnt.
Da gouf eng Persoun kontrolléiert, déi signaliséiert war. 18 Policebeamten an 3 Drogenhënn waren am Asaz.
Zu Gilsdref war et um Mëttwoch op der Kräizung vun der Haaptstrooss an der Rue de Pont eng Kontroll mat dem Fokus op Chauffere mat Handy am Grapp an d’Ceinture net un.
10 Leit krute Protokoller (250 Euro a 4 Punkten) wéinst dem Gebrauch vum Handy.