
Wéi et op Nofro bei der Police heescht, hätt en Trakter, deen amgaange war, Aarbechten um Haff duerchzeféieren, an engem Stall Feier gefaangen. Eng Kou ass duerch de Brand gestuerwen, eng zweet huet missten ageschléifert ginn. Well am Stall och Botte gelagert waren, huet d’Feier séier eng gewësse Gréisst erreecht. Persoune koumen net zu Schued.
Weider heescht et, datt Ermëttlungen opgeholl goufen, fir erauszefannen, wéi et genee zum Brand komm ass.