
D’Sécherheetsleit aus dem Akafszenter haten d’Police alarméiert, well et eng gréisser Ausernanersetzung am Uebst- a Geméisrayon gouf. Wéi den Direkter vum Auchan géintiwwer dem Wort sot, hätt d’Personal d’Police präventiv alarméiert. An de Vakanze géif et am Akafszentrum op der Cloche d’Or ëmmer nees virkommen, datt Jonker unenee geroden, esou de Raphaël Bouchet weider.
Vun der Police heescht et dann, datt sech d’Situatioun séier opgeléist huet. Et ware méi Patrullen am Asaz, well ee sech net direkt sécher war, wat een op der Plaz géif erwaarden. Och wier kee beim Tëschefall blesséiert ginn.