
Dës Mustiken iwwerdroe Infektiounskrankheeten, déi ee bis ewell éischter an Asien opgeraf huet. Sou goufen et zejoert zéng importéiert Fäll vum Dengue-Féiwer hei am Land - 2022 waren dat nëmmen zwee Fäll.
D’Leit, déi d’Krankheet matbruecht hunn, ware virdrun ënner anerem am Vietnam, Indien, am Mexiko an der Côte d’Ivoire. D’Alters-Moyenne vun de Patiente louch bei 35 Joer.
Fäll vum Zika-Virus oder Chikungunya-Féiwer goufen et bis ewell keng hei am Land.
A Frankräich goufen et - zum Verglach- eleng dëst Joer ewell eng 1.700 Leit, déi d’Dengue-Féiwer importéiert hunn.
Fir iwwert d’Tigermustik an och aner Zorte Mustiken opzeklären, gëtt och am Juli virum Depart an d’Vakanze vum Santésministère d’Campagne MosquitoAlert relancéiert.