Hale sech och a Bëscher opZu Lëtzebuerg ginn et ronn 100 Plazen, wou wëll Hunnegbeie liewen

Christophe Hochard
Al Bichen oder Eeche sinn interessant Wunnplaze fir dës Deieren.

Déi wëll Hunnegbei ass eng vu 400 Aarte vu Beien hei am Land. Fir d'Biodiversitéit spillt dëst Deier eng wichteg Roll.

Si wunnen deelweis a groussen, ale Beem. Dofir wär et wichteg, dass mir an de Bëscher där Beem weiderhi behalen. Si dierften op kee Fall gehae ginn.

D'Hunnegbeie sinn iwwregens och déi eenzeg, déi als Vollek iwwerliewen. Dat sinn am Ganzen e puer Dausend Beien.

Back to Top
CIM LOGO