
Dem 33 Joer alen Impfgéigner gëtt reprochéiert, de Premierminister beleidegt ze hunn. Doriwwer eraus soll hien ënner anerem op enger Maniffe géint d’Covid-Mesuren zum Haass opgeruff hunn an den Holocaust verharmloost hunn.
De jonke Mann ass ouni Affekot komm. Hie kéint sech kee leeschten. Ee vum Staat wollt hie sech och net stelle loossen, well et wier jo schliisslech de Staat, dee géing géint hie virgoen. An esou huet hie probéiert sech eleng géint d’Reprochen ze wieren.
An diverse Posts op Facebook hat hien de Staatsminister Xavier Bettel ugegraff mat Aussoen, déi d’Vertriederin vum Parquet mat degueulasse kommentéiert huet. Een homophobe Post huet den Ugeklote mat sengem schwaarzen Humor erkläert. Mat Momenter huet hie bei senger Argumentatioun awer duerchblécke gelooss, dass hien eng staark Antipathie géint de Premier ze hu schéngt. Dësem gëtt hie wuel d’Haaptschold un de Covid-Mesuren, déi dozou gefouert hunn, dass hien als Net-Geimpfte seng Aarbecht als Kach verluer huet.
De Papp vun 2 Kanner huet awer och nach aner Posts op Facebook an der Zäit tëscht Enn 2020 an Ufank 2022, also wärend der Covid-Pandemie, gemaach. Ënner anerem huet hien Uspillunge gemaach, dass et den Net-Geimpfte géing goen, wéi de Judden am Zweete Weltkrich. Och hei huet den Ugekloten drop higewisen, dass hien sech deen Ament esou gefillt hätt. Zu kengem Moment hätt hien den Holocaust minimiséiert. De Parquet war och hei anerer Meenung. De Mann kéint net esou maachen, wéi wann d’Situatioun ze vergläiche wär.
Da goung et och nach ëm divers Videoen, déi den Ugekloten an de soziale Reseauen am Kader vun de Maniffe géint d’Covid-Mesure gepost huet. Vun enger Maniff géint d’Covid-Mesuren zu Bréissel, déi eskaléiert war, huet hie sech an engem Videomessage un d’Staat Lëtzebuerg adresséiert a gedréit, dass dat och d’Staat erwaart. Hien hätt awer ni wëlles gehat, dat ëmzesetzen, sou den Ugekloten.
D’Vertriederin vum Parquet huet him d’Nummer vum naive Mënsch, deen net weess wat e mécht, net ofkaaft. Hien hätt grad och gewisen, dass en sech kéint ausdrécken, ouni graff Wieder ze benotzen. Mee e wier onbeléierbar, an dofir séiz hien och haut do. An dat war och net seng éischte Kéier virun engem Riichter, wéi ee gewuer ginn ass.
D’Fuerderung vum Parquet: 3 Joer Prisong, mat méiglechem Sursis, an 1.000 Euro Geldstrof. D’Urteel gëtt de 24. Mee gesprach.