De Weekend war an der LuxExpo The Box nees den internationale Bazar. Mat de Suen, déi bei dësem Event erakommen, ginn all Joer verschidde karitativ Organisatiounen ënnerstëtzt. Virun allem Kanner a Frae sollen eng besser Educatioun, méi Sécherheet an eng besser medezinesch Hëllef gebuede kréien.
Op deene ville Stänn hu Leit aus 50 verschiddene Länner lokal Produiten ugebueden a virun allem gouf et nees vill ze iessen.
Och d’Grande-Duchesse, zesumme mat der Ierfgroussherzogin an der Prinzessin Amalia hate sech ënnert d’Visiteure gemëscht.