Duerch hallwe StroumpräisdeckelIndextranche kënnt 2025 zum Enn vum Joer, amplaz am 3. Trimester

RTL Lëtzebuerg
Duerch den hallwe Stroumpräisdeckel, deen d'Regierung annoncéiert huet, géif d'Indextranche, déi fir 2025 erwaart gëtt, ëm 3 Méint no hanne geréckelt.

Duerch den hallwe Stroumpräisdeckel, deen d’Regierung fir d’nächst Joer annoncéiert huet, géif d’Indextranche, déi fir 2025 erwaart gëtt, ëm dräi Méint no hanne geréckelt. Dat huet de Premier Luc Frieden an der Froestonn der grénger Spriecherin Sam Tanson geäntwert. Si hat nogefrot, wéi sech d’Ofschafe vun den Energiepräisdeckelen op d’Inflatioun an d’Erfale vun den Indextranchen auswierkt.

D’DP-CSV-Regierung léisst jo Uganks d’nächst Joer bal all d’Energiepräisdeckelen auslafen. Ausser beim Stroum, wou si nach d’Hallschent vun der erwaarter Hausse fir d’Konsumente wëll offiederen. De Luc Frieden sot:

“Wéini genee eng Indextranche erfält, dat ass natierlech schwiereg ze soen, well dat wier eigentlech och nach mat zesumme mat de ganz anere Phenomener, der allgemenger wirtschaftlecher Entwécklung, geopoliteschen Evenementer, der Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank. Fir de Moment geet de Statec dervun aus, datt, souwäit een dat iwwerhaapt kann an dësem Moment maachen, datt 2025 eng Indextranche géif ganz um Enn vum Joer erfalen.”

De Statec hat am Mee eng Indextranche fir Enn dëst Joer virausgesot. An eng am drëtten Trimester 2025, wann d’Energiepräisdeckelen alleguer géinge falen. De Stroum gëtt dem Statec no d’nächst Joer ëm 60 Prozent méi deier an de Gas ëm 17 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO