Journalist hätt op alem Projet de Loi geschafftInneminister wiert sech géint Kritik u Gesetzesprojet iwwer Versammlungsrecht

RTL Lëtzebuerg
De Projet, deen en Tageblatt-Journalist kritiséiert huet, wier ënnert der viregter Regierung op de Wee bruecht ginn.

Wéi et am Koalitiounsaccord festgehalen ass, gëtt aktuell am Inneministère un engem Gesetzesprojet geschafft, deen d’Versammlungsrecht an d’Dispositioune fir ëffentlech Manifestatioune festleet.

Am Tageblatt gouf deen Avant-Projet de Loi e Méindeg schaarf kritiséiert a vun engem problemateschen Text geschwat, deen ze vill Sputt fir Interpretatioune géif loossen. Rieds geet vun enger Law-and-Order-Politik, déi d’Versammlungsfräiheet géif ënner Drock setzen a Limitatiounen am Numm vun der Uerdnung wéilt duerchsetzen.

Den Inneminister Léon Gloden widdersprécht dëser Duerstellung an engem Schreiwes zum Deel a seet, datt de betraffenen Tageblatt-Journalist op engem Avant -Projet de Loi geschafft hätt, deen de fréiere grénge Policeminister Henri Kox ausgeschafft hätt. Aktuell géif am Inneministère un engem komplett neien Text geschafft ginn. Dëse soll och enger Chamber-Motioun vun 2021 Rechnung droen, déi no de Covid-Maniffe gefrot hat, datt de Sécherheetsdispositif bei Manifestatiounen op der Strooss soll iwwerschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO