
Gutt d'Hallschent (51%) vun den Touristen déi op Lëtzebuerg kommen, huelen dofir den Auto. Duerno kënnt de Fliger mat 20%. Knapp hannendrun den Zuch mat 18%.
No Natiounen gekuckt: D'Belsch komme meeschtens mam Auto, d'Schweeden mam Fliger an déi meeschten Däitsch Touristen benotzen e Camping-Car.
Hei am Land notzen d'Touristen dann awer virop de Bus (55%) an den Tram (46%). Nëmme 34% benotzen den Auto.
Dëst sinn Zuelen déi den Tourismusminister Delles op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP genannt huet. Hei geet et op de Site vun der Chamber.