Plainte géint OnbekanntJobBoard vun der ADEM offline, nodeems "en informatesche Sécherheetsincident" festgestallt gouf

RTL Lëtzebuerg
Bis de JobBoard nees funktionéiert, kënnen Aarbechtssichender op den EURES-Portal zeréckgräifen.
© Domingos Oliveira

Den JobBoard vun der ADEM ass zanter e Mëttwoch offline, nodeems e Sécherheetsincident um Internetsite festgestallt gouf. D’ADEM, de CTIE a GOVCERT.LU analyséieren den Ament, wat genee geschitt ass a wéi grouss den Impakt ass.

Bis de JobBoard nees funktionéiert, kënnen Aarbechtssichender op den EURES-Portal zeréckgräifen. D'Meldung vun neien Aarbechtsplaze funktionéiert weider normal. Den direkten Accès vun den Entreprisen op d'Profiller vu Kandidaten ass den Ament allerdéngs net méiglech.

D’ADEM huet Plainte géint Onbekannt gemaach.

Schreiwes vun der ADEM
Indisponibilité du JobBoard de l’ADEM suite à un incident de sécurité informatique (14.10.2026)

Back to Top
CIM LOGO