"Kosmescht Matgefill"Jonk Lëtzebuergerin wënnt Sëlwermedaile bei Wëssenschaftsconcours a China

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet eng Medaile gewonnen, allerdéngs net am Sport, mä an de Wëssenschaften.
© Chris Meisch

D’Julia Bringewald, eng 19 Joer jonk Premièresschülerin aus dem Stater Jongelycée, ass Ënn Juli beim CASTIC, en internationale Concours fir jonk Fuerscher am Science- an Technologie-Beräich a China, op déi zweete Plaz komm.

Jonk Lëtzebuergerin um CASTIC-Concours a China - Reportage Chris Meisch

Weltwäit ass et ee vun de prestigiéiste Concourse fir jonk Fuerscher, de CASTIC, kuerz fir “China Adolescents Science and Technology Innovation Contest”. Zanter 2002 ass en all Joers an enger anerer chineesescher Stad, dëst Joer war et zu Tianjin. Mat der Ënnerstëtzung vun der “Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg” konnt d’Julia Bringewald de Jury mat hirem Konzept “cosmic compassion” iwwerzeegen, iwwersat „kosmescht Matgefill“.

„A mengem Projet geet et ëm den Afloss vun enger kosmescher Perspektiv, dat heescht am Fong de Fakt, dass ee weess, dass een extreem kleng ass, par Rapport zum Universum, also dass een de ‘Big Picture’ gesäit, wat dat Wëssen, wat dat fir een Afloss op d’Matgefill huet an och eis Attitüd zu soziale Problemer, zum Beispill ewéi Klimawandel oder verschidde Kricher. Dat hunn ech investigéiert, ob et do een Impakt gëtt vun deem Wëssen an dofir hunn ech dann eng Studie gemaach mat 32 Participanten an duerch exposal zu där kosmescher Perspektiv, duerch Videoen hunn ech da getest, ob do iwwerhaapt een Afloss ass an ech hunn effektiv fonnt, dass do en Afloss ass vun där kosmescher Perspektiv op d’Matgefill an der Aart wéi mir reagéieren op verschidde sozial Problemer.“

Fir beim Concours matzemaachen, huet d’Julia fir d‘éischt beim nationale „Jonk Fuerscher“-Concours hire Projet misse presentéieren. Hei ass d’Studentin dunn an d’Top 10 komm, wat hir et erméiglecht huet, beim CASTIC matzemaachen. Op hirer Rees gouf si vun der Sousana Eang, Directrice vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg, begleet. Hir Ambitioun ass et, jonk Fuerscher pro-aktiv z’ënnerstëtzen.

„Notre manière d‘eduquer c‘est aussi d‘offrir, de s‘assurer que chaque participant au concours national ‘Jonk Fuerscher’ vont remporter une expérience, qui va les pousser à aller plus loin dans leurs projets ou dans leurs passions pour les sciences. Comme ici, Julia, les membres du jury ont jugé qu‘elle avait le bon profil pour participer en Chine et l’a poussé beaucoup plus loin dans sa passion pour les sciences.“

Um Wëssenschaftsconcours a China hunn dëst Joer iwwer 600 jonk Fuerscher aus 24 verschidde Länner matgemaach. Mat der Sëlwermedail an dësem Concours ass d‘Julia awer nach laang net um Enn vun hirer Karriär. Am September geet si gär op Oochen Physik studéieren a méi spéit eventuell nach Astro- oder Quantephysik. Fir d’jonk Fra steet awer och scho fest, dass se d’nächst Joer nach eemol beim Fuerscher-Concours wëll matmaachen.

Jonk Lëtzebuergerin wënnt Sëlwermedaile bei Wëssenschaftsconcours a China
Fir beim Concours matzemaachen, huet d‘Julia fir d‘éischt beim nationale „Jonk Fuerscher“-Concours hire Projet misse presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO