
Wéi d’Police preziséiert, wier de Parquet dem Verdacht géint de Mannerjärege* vun Esch-Uelzecht nogaangen an hätt eng Perquisitioun beim Verdächtegen doheem ordonéiert. Ënnert anerem hunn d’Poliziste hei Haschisch, Drogenutensilien a Boergeld fonnt a séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an hat en Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
*D’Police huet hir Nouvelle rektifizéiert: Wéi si op d’Plaz koumen, huet sech erausgestallt, dass dee gemellte Mannerjäregen e Mann vun 22 Joer war.
E weidere Rendez-vous beim Untersuchungsriichter gouf et en Dënschdeg, nodeems an der Nuecht e Mann sech zu Esch-Uelzecht net un e Kontaktverbuet gehalen huet. D’Beamten hunn de Mann an der Entrée vun engem Haus fonnt, woumat hie scho fir déi zweet Kéier géint d’Oplo verstouss huet.