Pélé des JeunesJonker ze Fouss bis an d'Kathedral

Christophe Hochard
E Samschdeg war den Optakt vun der Oktav, e Sonndeg war de Pélé des Jeunes.
Pélé des Jeunes: Jonker ze Fouss bis an d'Kathedral
E Samschdeg war den Optakt vun der Oktav, e Sonndeg war de Pélé des Jeunes.

Bis de 5. Mee kommen d’Leit aus alle Regioune vum Land, fir an der Kathedral ze bieden a mat der Muttergottes a Kontakt ze trieden.

E Sonndeg war de Pélé des Jeunes. D’Jugendpastoral war mat engen 80 Jonker vu Jonglënster bis an d’Kathedral ënnerwee. Lass goung et e Samschdeg den Owend um 22 Auer zu Jonglënster. D’Motivatioun bei deene jonke Leit fir matzemaachen ass ganz ënnerschiddlech.

Pélé des Jeunes
Microtrott

Um 7.30 Auer war d’Mass an der Kathedral mam Kardinol Jean-Claude Hollerich. De Pélé des Jeunes ass e wichtegen Ament an der Oktavzäit. Wärend dem Foussmarsch, deen e puer Stonnen dauert, gi verschidden Aktivitéiten deene jonke Gleeweger ugebueden.

Géint 6.30 Auer war de Grupp bei der Glaciskapell ukomm. Hei gouf et eppes ze drénken an z’iessen. Ausserdeem stoung d’Kapell fir déi Gleeweg op fir ze bieden. Empfaange goufe si vum Generalvikar Patrick Muller.

Nieft dem Jugendpastoral sinn et déi eenzel Poren aus dem Land, déi dëse “Pélé des Jeunes” organiséieren.

Pélé des Jeunes
Microtrott

Back to Top
CIM LOGO